Den 25. März 2017 ass den 60. Joresdach vun dem traité de Rome, durch den d’ europäesch Wiertschaftsgemeinschaft erricht gouf. Dëss Communautéit ass spéiderhin zur aktuellen europäeschen Union gin.

D’ EU ass an enger politescher Kris. Millionen vun Flüchtlingen aus verschiddenen, vum Krich zerstéierten Länner flüchten an d’ Union. Weinst den nach ëmmer spierbaren Consequenzen vun der Wiertschaftskris bréckelen d’ Solidaritéit an den Zesummenhalt innerhalb vun der Europäescher Communautéit. D’ Bierger vum Vereenegten Kinnekräich hun an enger Volleksofstëmmung schon géint d’ Bleiwen an der Europäescher Union gestëmmt, anderer kinnten et hinnen nomachen.

Aktuell Studien weisen dorops hin, dass grad d’ Astellung vun der europäesch Jugend vis-à-vis vun der EU negativ geprägt ass. Virun allem an Länner wéi Griechenland, Spuenien an Italien, déi vun héicher Jugendaarbechtslosegkeet konsernéiert sinn, fillt sech d’ Jugend vernoléissegt.

An Erënnerung un den traité de Rome, hun mir dëst Ereignis an d’ Liewen geruf, mat dem Ziel, den europäesche Projet ze reaniméieren an d’ Zukunft vun der Union, d’ Grondwäerter, sowéi neidesch Ännerungen ze evaluéieren.

Kurz gesot wëllen mir d’ europäesch Union zu dem machen, wat se onserer Meenung no sollt sinn.

Dofir sammelen mir Innovationen, Idëen an Suggestiounen vun Universitéiten, Wëssenszentren, an vun den Léit selwer. Zesummen wëllen mir d’ EU an hier Institutiounen mat den Bierger vun der Union vereenegen

Äis Zieler sinn:

1. d’ Verlangen vun der Jugend no enger Reanimation vum europäische Projet opzeweisen.

2. een Manifest mat kloeren Zieler ze erschaffen. Dësen Manifest soll den Grondsteen fir déi politesch Zukunft vun der Europäescher Union gin.

3. politesch wéi och kulturell Veranstaltungen ze organiséieren, déi den Start vum europäeschen Wandel symboliséieren soll.

Modüller

1. Een europäesche Manifest — Workshop

Dëss Onlineplattform gëtt all Europäer d’ Méiglechkeet seng Idëen an Propositionen an d’ Manifest mat anzebréngen. Déi zéng Artikelen befaassen sech mat folgenden Ressoren:

1. Gouvernance, 2. Fridden & Sécherheet, 3. Demokratie, 4. Bierger, 5. International Relationen, 6. Wuesstem & Finanzen, 7. Éducation & Kultur, 8. Medien, 9. Zusammenaarbecht & Entwécklung, 10. Ëmwelt.

Den Entworf vum Manifest gouf den 25. Januar 2017 online gestallt.

Elo huet jiddwereen d’ Méiglechkeet, Kommentarer an Ännerungsvirschléi anzereechen. D’ Organisationsteam surveilléiert den Input vun Kommentarer an Idëen.

Den 25. März 2017, um Joerestag vun dem traité de Rome, ass d’ Beaarbechtungszeit eriwwer. D’ Dokument gett dann vun eisem akademeschen Conseil, den sech aus ungesinnenen europäeschen Professoren zesummensetzt, lektoréiert und signéiert. Schlussendlech gett d’ Manifest un politesch Repräsentanten an Intellektueller aus ganz Europa verschéckt. Ab dem 1. April 2017 kann jiddwereen d’ Manifest via Onlinepetition ennerstëtzen.

2. Eis Stëmm an der europäescher Union

Freides, den 7. April 2017, fënnt eisen Haabtevent an der LUISS Universität zu Roum statt. Akademesch an politesch Vertrieder vun allen europäeschen Nationen huelen un enger Podiumsdiskussion deel, während dëser sie hier Unsichten an Meenungen iwwer d’ Zukunft vun der EU presentéieren.

Well d’ participation nëmmen iwwer Invitationen geet, wäert et vir d’ europawäit Iwwerdroung een Livestream gin.

3. Ëmgestaltung vum europäesche Projet • D’ Ofschlosszeremonie

Eng Zeremonie, während der d’ Manifest un een Verantwortlechen vun der europäescher Union iwwerreecht gett, vir am Kader vun der Commission an dem Parlament diskutéiert ze gin, schléisst den Événement of.